Wichtelen bei Metal Clay Luxembourg

Mir organiséiren ee klengt Wichtelen fir d’Krëschtdeeg.

Wichtelen, op englisch Secret Santa, kënnt eigentlich aus Skandinavien. Der Soo no ass den Wichtel ee gudden Geescht deen de Leit nëmme guddes wëll.

Wéi fonktionéiert Wichtelen op Metal Clay Luxembourg?

Fir matzemaachen musst Dir ierch umellen. Nodeems den Stëchdatum fir d’Umellungen ofgelaaf ass, schreiwen mer d’Nimm vun den Participant’en all op Ziedelen, geheien së an eng Këscht an zéien d’Nimm ween weem eppes schenkt. Dat kann also och eng Persoun sin déi dir nët kennt.

Mir deelen ierch den Numm vun demjenigen mat fir deen dir de Kaddo maacht. Daat ass nët forcément di selwecht Persoun déi ierch eppes schenkt.

Waat fir ee Kaddo kann een maachen?

Wichtëg ass nët z’iwwerdreiwen. De Kaddo sollt ee max. Wert vun +- 15 Euro hun. Vu dass d’Wichtelen hei op Leit limitéiert ass déi am Grupp ugemeld sin, di also mat Metal Clay schaffen, eegnen sëch natiirlëch besonnesch gudd Saachen di een kann fir den Hobby benotzen wie z.B. e Stempel, een Geschirr, e Steen, een Objet fir ofzeformen am Silikon oder soss eppes praktisches bzw. originelles. Wann der di anner Persoun kennt déi eppes soll kréien, dann wësst der jo schons ëmgeféier waat hir kinnt gefaalen.

Schrottwichtelen ass nët erwënscht!

Wéi meld dir Ierch un?

Kommentéiert ënnert dem Post op Facebook Metal Clay Luxembourg, dass dir wëllt matmaachen.. Mir kontaktéiren ierch dann fir ierch matzedeelen ween dir beschenken kënnt.

Stëchdatum fir sëch unzemellen: 8. Dezember.

Wou schécken dir de Kaddo hin?

Dir schéckt ons de Kaddo (bis spéidstens 20. Dezember muss ën ukommen) oder bréngt ën am Lokal laanscht bis spéidstens den 21. Dezember moies um 9:00 Auer (oder een anneren Datum op Rdv):

Adress:

Createur/MetalClay

c/o Sandra Quell

BP 22

L-4901 Bascharage

Leet w.e.g. een Ziedel derbäi fir ween de Kaddo ass.

Wou a wéini kënnt dir de Kaddo ofhuelen?

Dir kënnt Ären Kaddo dann den 21. Dezember bei ons am Lokal ofhuelen. Wann Dir op deem Datum keng Zait hutt, dann kënnt dir och all anneren Dag kommen wou Couren stattfannen. De Kaddo geet nët verluer.

Op Demande an géint Portokäschten (6,80 Euro) kënne mir ët och hei am Land zouschécken. Ausland + 3 Euro.

Dir kënnt keen Kaddo ofhuelen wann mir bis dohinner kee Kaddo vun ierch hun.